Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Samenvatting van de aflevering

Dräi asiatesch-amerikanesch Geschwëster probéieren, sech duerch de chaoteschen Alldag zu New York ze schloen. Dobäi geet et ëm Famill, Identitéit an d'Erausfuerderunge vum Erwuessenginn. Am Serientipp stellt den Simon Larosche d'Netflix-Serie „DANG!“ vir, eng frech Animatiouns-Comedy, déi verréckten Humor mat eeschten Themen kombinéiert.

Afleveringen

5956-

Tëscht Familljechaos, Identitéit a verrécktem Humor

Dräi asiatesch-amerikanesch Geschwëster probéieren, sech duerch de chaoteschen Alldag zu New York ze schloen. Dobäi geet et ëm Famill, Identitéit an d'Erausfuerderunge vum Erwuessenginn. Am Serientipp stellt den Simon Larosche d'Netflix-Serie „DANG!“ vir, eng frech Animatiouns-Comedy, déi verréckten Humor mat eeschten Themen kombinéiert.

12 nov. 2026
5955-

Filmkritik: "Il faut brûler maman"

Well d'Personal bei de Pompes funèbres streikt, mussen d'Ierwe vum Famijebetrib hir verstuerwe Mamm selwer verbrennen. Den Albert Dupontel huet eng sophistikéiert schwaarz Komedie iwwer Liewen an Doud, Geschwëster-Konflikter a Léift gedréint. Eng Kritik vum Michel Delage.

12 nov. 2026
5954-

Filmkritik: "Minotaure"

E russesche Geschäftsmann geréit wéinst dem Ukrain-Krich a senger ontreier Fra an d'Labrennten. De russesche Cineast Andrei Zviaguintsev aktualiséiert dem Claude Chabrol säi gëftege Klassiker "La Femme infidèle" vun 1969. Eng Kritik vum Michel Delage.

12 nov. 2026
5953-

Fënnef Joer nom Prix de Révélation de Prix Pierre Werner fir d’Julie Wagene

Am Tramsschapp um Lampertsbierg ass de leschte Weekend den traditionellen Hierschtsalon vum Cercle artistique de Luxembourg, kuerz CAL, opgaangen. En internationale Jury hat 44 Artist:innen vun 129 Kandidature fir d’Expo selektionéiert. Da ginn och nees zwee Präisser iwwerreecht, di allebéid mat 5’000 Euro dotéiert sinn: eemol de “Prix du Public”, fir deen d’Visiteure bis den 22. November hier Stëmm ofgi kënnen, plus de “Prix Pierre Werner”. De leschte Weekend hutt dir eventuell bei eis an den Noriichten héieren, datt d’Illustratorin, Grafikerin a Molerin Julie Wagener, Joergang 1990, um Vernissageowend mam “Prix Pierre Werner” ausgezeechent ginn ass. D’Kerstin Thalau wollt vun der Julie Wagener méi iwwert hier Aarbecht “A Singularity” gewuer ginn.

12 nov. 2026
5952-

Booker Prize: "The End of Everything" vum M. John Harrison

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas Stuart, "Black Bag" vum Luke Kennard, "The Disappearers" vum Marlon James a "May We Feed the King" vun der Rebecca Perry.

11 nov. 2026